D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees

Entdecken
Salut,
ech heesche
Charlotte!
Huu-hu,
uh-uh
hu-uh-uuh!

Näischt op der welt ass esou opreegend, ewéi mat sengem beschte frënd en abenteuer z’erliewen. Wann déi kleng eil monsieur hibou him zur säit steet, huet d’charlotte keng angscht. Zesumme si si net ze schloen.

Op hirer expeditioun entdecke si dat wonnerbaart, villsäitegt a spannend land Lëtzebuerg! Si tauchen an d’kultur an an d’geschicht vum land an, erfuersche seng faszinant plazen a léieren alles iwwert seng märercher a bräich. Dës geschicht luet kleng a grouss lieser an, Lëtzebuerg an all senge facettë kennenzeléieren. Do kann ee jo vu freed scho bal ofhiewen! Kommt mat!

Maacht iech et gemittlech. Hoer riichten! Gutt festhalen! D’nues nach eng kéier botzen … a lass geet et.

Lëtzebuerg,
mir kommen!

En neit Buch iwwer Lëtzebuerg fir déi ganz Famill, a véier sproochen, mat flotten Illustratioune vum Keong‑A Song.

Op all Etapp vun der Rees erwaarden de lieser flott an interessant Anekdoten a Fakten.

Si tauchen an d’Kultur an an d’geschicht vum Grand-Duché an, entdecke faszinant plazen a léiere seng seechen a bräich kennen.

Mat vill Léift fir den Detail huet d’Illustratorin Keong‑A Song dem Buch eng perséinlech Nout ginn an zu der maträissender Atmosphär bäigedroen, sou dass een als Lieser ëmmer nees op eppes Neies stéisst. Op dës Manéier bleift d’Freed un der Lektür nach laang erhalen.

Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht. Un der Säit vum Charlotte a sengem beschte Frënd, der klenger Eil Monsieur Hibou, erliewe si spannend Aventuren an entdecken op hirer Expeditioun dat wonnerschéint a villsäitegt Lëtzebuerg.

Begleet d’Charlotte an de Monsieur Hibou an all hir Frënn bei hiren Abenteuer an entdeckt de Grand-Duché.

  • Sécher Online-Bezuelung
  • Ausliwwerung innerhalb vu 24h
  • Weltwäit Liwwerung
Däitsch Ausgab

Nicht vorrätig

Englesch Ausgab
Franséisch Ausgab
Lëtzebuergesch Ausgab